Sam and the Locals

Informações:

Sinopsis

SAM AND THE LOCALS ass eng kleng Gespréichsronn mat jeeweils engem lokale Kënschtler, Museker, Entrepreneuren oder einfach engem gudde Kolleg. De Sam Flammang, sengersäits passionéierten Hobbyfotograf, Videograf a virun allem aktiv an der Lëtzebuerger Musekszeen, sicht sech dobäi virun allem Gäscht eraus, di hien selwer intresséieren, op sengem Wee begleet hunn oder inspiréieren. Op kuerz oder laang, déifgrënneg oder einfach nëmme spaasseg, d'Format follegt just der Loscht an der Laun vun de Gäscht, an déi dierfe sech aktiv un der Gestaltung vun hirer eegener Episode bedeelegen! 

Episodios

  • Sam and the Locals #3: Tim Morizet

    26/09/2019 Duración: 01h18min

    Haut ass den Tim Morizet zu Besuch am Podcast. Net nëmmen als Journalist, mee och als Fotograf an passionéierte Weltentdecker huet hien ganz vill spannend Geschichten ze erzielen. Mir schwätzen iwwert eis bescheiden Ufäng bei Lokalradioen, an der Musekszeen, beschäftegen eis mat urbaner Fotografie a maachen e Schwenker op déi aner Säit vun der Welt fir erauszefannen, wéi et sech an Australien lieft. Den Tim ass fir mech eng grouss Inspiratioun, well hien sech getraut huet, sengen Dreem a Passiounen Raum ze bidden, an dat héiert een all Minutt vun eisem Gespréich eraus. Vill Spaass!

  • Sam and the Locals #2: Zero Point Five

    11/09/2019 Duración: 47min

    Haut sinn ech zu Gaascht bei ZERO POINT FIVE am Studio zu Tuntange. Nieft dem Finissage vun hirem Album hunn d' Jongen sech Zäit geholl fir sech mat mir dohinner ze setzen an e bëssen iwwert hier Musek, hier Band an hier Chimie ënnerteneen ze schwätzen. Mat 3 Pädagogen um Dësch ass d' Gespréich dobäi net nëmmen em Musek oder Konscht gaangen, mee och em den Impakt vun Musek an der Gesellschaft an an der Schoul.